Firwat an Wat ass TKW
Firwat Taekwondo fir Kanner und Jugendlecher?

Een Olympesche Sport vun 6 Joer un, ouni
Limit no uewen
De Respekt vu sech selwer an och vun deenen Aneren : Héiflechkeet,
Duerchsetzungsverméigen, an Selbstbeherrschung sinn d’Wäerter vum Tae
Kwon Do
Selbstverteidegung : Den Tae Kwon Do léiert een sech selwer ze
Verteidegen – Ho shin sool

Kampf : Den Tae Kwon Do ass och een spektakulären Kontaktsport –
Kiourigi

Poomsee : Den Tae Kwon Do ass ob der Sich vum banneschten Gleichgewiicht
Brochtest : Kiopka
Duerch déi Villseitegkeet vum Tae Kwon Do ginn Beweeglechkeet,
Konzentratioun an d’Muskelen natiirlech entwéckelt
Secherheet : Et gët mat Sëcherheetsausrüstung gekämpft. Vun all de
Kontaktsportarten huet den Tae Kwon Do dee klengsten Verletzungsrisiko


Wat ass Taekwondo ?
Tae Kwon Do
ass eng Kampfkonscht déi virun 2000 Joer a Korea entwéckelt gin ass, an
haut och als modern Sport bedriwwe gët. Am Tae Kwon Do gin keng Waffen
agesat. De Géigner gët mat Hänn a Féiss ofgewiert. Tae Kwon Do bedeit
wiertlech: Fouss(Tae) – Fauscht(Kwon) – Wee(Do).
Den Tae Kwon Do besteet aus
Bewegungsformen (Poomse),
dem Kampf (Kirogi)
an
dem Briechen vun Brieder (Kyopa)
awer och vun
Selbstverdeedegung
De Poomse as eng Beweegungsfolleg
déi den Taekwondoka virféiert.Héi
kämpft een géint een imaginären Géigner . Dobei muss hien Ofwier- an Ugrëffstechniken no engem
virgeschriwwenen Muster verbannen. Fir de Schüler bis den 1. Dan gin et
8 Bewegungsformen (Taeguk), fi rde Meeschter gin et der 9, déi all hiere
spézifege Numm hun.

De Kampf get ouni Waffen, just
mat Hänn a Féiss ausgefouert. Fir dëse Kampf ze beherrschen geet et net
duer just de Fräikampf ze trainéieren. Och d’Virstufen wéi den
ofgeschwate Kampf, den
Hallef fräie Kampf an
Selbstverdeedegung géint
bewaffnet an onbewaffnet Géigner musse geübt gin.

Beim Briechen gin Brieder, Steng,
Dachzillen, Eisbléck... futti geschloen fir déi
,an
awer och technesch, Entwécklung
festzestellen.

De Wee (Do)

De Prinzip vum Wee as eng
Liewensastellung déi een duerch den Tae Kwon Do kritt. Sie léisst sech
zesummefaassen mat de Begrëffer: Selbstdisziplin, Bescheidenheet
Héiflechkeet a Respekt. All Dag as e
Glecksdaag, liew mat Sënn an
iwwerlooss dem Gesetz vum Universum d’Resultat.
All Aktivitéiten vum Tae Kwon Do
sin vir sech ze verteidegen, mee och d’Gesondheet, déi physech a psycheg
Fitness gi verbessert an dat bis an den héigen Alter. Beim Training get
all Deel vum Kierper gläichméisseg agesat. D’Konzentratioun bei,
Training hëlleft de Stress ofzebauen deem mir all Dag ausgesat sin.
Obwuel am Tae Kwon Do als eenzeg
Waff de Kierper agesat get, besteet d‘Méigelechkeet de Géigner durch 1
Schlag ausser Gefecht ze setzen. An Tae Kwon Do gin haaptsächlech
Fousstechniken benotzt. D’Bewegungen si schnell, staark, präzis awer och
ästhetesch. Et as eng friddlech Konscht vun der Selbstverteidegung.
D’Sportler déi Tae Kwon Do praktizéieren sin selbstsecher a kennen
souwuel kierperlech wéi och geeschteg Disziplin. Hien as sech bewosst
dass säi ganze Kierper eng Waff as fir en Ugreifer ofzewieren.
Et as eng wichteg Tatsaach dass
den Tae Kwon Do de Charakter positiv verännert. Mam Training get
d’Selbstbewosstsin méi grouss. De Codex verbitt ongerecht Ugrëffer an de
Mëssbrauch vun der Muecht. Et get vill Wert op Bescheidenheet an
Toleranz geluecht.
Seit dem Joër 2000 as Tae Kwon Do
en offiziellen olympesche Sport.
